Komm a schwätz mat!
Den Naturpark Our invitéiert all d'Awunner aus eiser Gemeng sech aktiv um Prozess vun der Verlängerung vum Statut vum Naturpark Our ze bedeelegen.
Wat bedeit dat konkret?
Op enger Informatiounsversammlung presentéiert den Naturpark Our säi Bilan vun 2015-2025. Duerno fanne verschidden Diskussiounsronne statt fir iwwer zukünfteg Projetsiddien ze schwätzen. Rendez-Vous mëttwochs, den 19. Juni um 19 Auer am Centre Culturel "Am Eelerich" zu Wäiswampech. (ouni Umeldung)
Mir freeën eis iwwer all Bedeelegung a wiere frou, wann eis Gemeng gutt vertruede wier.